Keng genetesch Experimenter mat onse Kanner!

2020 si 0,04% vun de Mënschen am Alter vun 10-19 Joer hei zu Lëtzebuerg gestuerwen (cf. https://www.expressis-verbis.lu/2021/04/04/pandemie-2020/?lang=lu). Wéi vill dovunner un oder mat Covid-19 gestuerwe sinn wësse mer net. De Risiko fir e Mënsch ënner 18 Joer u Covid-19 ze stierwen läit laut enger aktueller Etüd aus England (https://www.bbc.com/news/health57766717.amp) bei 2 an enger Millioun a bei 20 aus enger Millioun fir op enger Intensivstatioun ze landen. Deem géigeniwwer si laut Pfizerstudie 0,4% schwéier Niewewierkungen bei 12-15-Järegen (cf.https://report24.news/pfizer-studie-79-geimpfter-kinder-ueber-12-jahre-entwickeltennebenwirkungen) opgetrueden. 2020 hate mir zu Lëtzebuerg ongeféier 26.000 Mënschen am Alter vun 12-15 Joer. Wann déi all geimpft géifen, da wier mat ongeféier 106 jonke Leit mat schwéiere Niewewierkungen ze rechnen. Dobäi muss ee bedenken, datt d’Pfizerstudie just iwwer e puer Méint gelaf ass an dofir iwwerhaapt keng empiresch Informatiounen iwwer d’mëttel- a laangfristeg Risiken existéieren. Allerdéngs deiten déi Informatiounen, déi mer hunn, op grouss Geforen hin (https://childrenshealthdefense.org/defender/what-we-know-may-never-know-about-covidvaccines, https://childrenshealthdefense.org/defender/reasons-not-getting-covid-vaccine, https://vaccineimpact.com/2021/cdc-adds-over-2000-deaths-associated-with-covid-19-shots-inone-week-917-unborn-baby-deaths).

Am Géigesaz zu deem wat behaapt gëtt, nämlech datt d’Injektiounen géint Covid-19 ausgibeg getest gi wieren, sinn d’Tester vun der Phas 3 nach laang net ofgeschloss. Se lafen bei Moderna bis de 27.10.22 (https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04470427?recrs=d&cond=COVID19&phase=2&draw=3&rank=55), bei Pfizer bis den 2.5.23 (https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04368728?term=NCT04368728&draw=2&rank=1), bei AstraZeneca bis  den 14.2.23 (https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04516746?recrs=d&cond=COVID-19&phase=2&draw=2&rank=8) a bei Janssen bis den 31.5.23 (https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04614948?recrs=d&cond=COVID-19&phase=2&draw=2&rank=35). D’Etüd vu Moderna fir Jugendlecher vun 12 bis 17 Joer leeft bis den 30.6.22  (https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04649151?recrs=d&cond=COVID19&phase=2&draw=2&rank=85).

Et gëtt bis haut keen homologéierten Covid-19 Impfstoff (cf. z.B. https://www.fda.gov/media/144414/download). Dat wat eis als “Impfstoffer” quasi opgezwonge gëtt sinn experimentell Gentherapien, déi an Amerika ënnert enger emergency use authorization (EUA, cf. https://www.fda.gov/emergency-preparedness-and-response/mcm-legal-regulatory-and-policyframework/emergency-use-authorization) an an Europa via enger conditional marketing authorization (CMA, https://www.ema.europa.eu/en/human-regulatory/marketing-authorisation/conditional-marketing-authorisation) verkaaft ginn. Eng Viraussetzung fir d’EUA an d’CMA ze kréien ass, datt et keng alternativ Behandlungsmethoden gëtt. Wann also vun offizieller Säit net all effektiv Behandlungsmethoden, déi et säit laangem gëtt (https://www.expressisverbis.lu/2021/04/12/wirksame-medikamente-gegen-covid-19-aus-der-taeglichen-praxis), schlecht geriet a verbuede gi wieren, dann hätt keng vun deenen experimentelle Gentherapien eng EUA oder CMA kënne kréien.

Doriwwer eraus muss ee wëssen, datt de 15.7.20 d’Gentechnikverordnung vun der EU geännert gouf, fir iwwerhaapt d’Teste vun den mRNA- an DNA-“Impfstoffer” z’erméiglechen, well dës ënner d-EURichtlinn zur Fräisetzung vu gentechnesch verännerten Organismen falen (cf. https://laufpass.com/corona/die-kindswohlgefaehrder).

Souguer d’ständige Impfkommission an Däitschland (STIKO, https://www.rki.de/DE/Content/Kommissionen/STIKO/stiko_node.html) recommandéiert net d’Kanner ze impfen, well “zur Sicherheit der Impfung bei Kindern gibt es bislang noch zu wenig Daten und Erfahrungen” (https://www.rki.de/DE/Content/Infekt/Impfen/ImpfungenAZ/COVID19/Infoblatt_Impfung_Kinder_und_Jugendliche.pdf).

Mir hunn et also hei ganz kloer mat engem gentechneschen Experiment ze dinn, deem eis Kanner sollen ënnerworf ginn. Nodeems d’erwuesse Bevëlkerung schonns systematesch vun der Santé an de Medien net iwwert déi real Natur vun de sougenannten Impfstoffer opgekläert gouf, stellen sech bei de Kanner nach méi rechtlech Problemer, op déi mer hei net am Detail aginn. Et sief just op d’Deklaratioun vun Helsinki (https://www.wma.net/what-we-do/medical-ethics/declaration-ofhelsinki), de Code vu Nürnberg (cf. https://media.tghn.org/medialibrary/2011/04/BMJ_No_7070_Volume_313_The_Nuremberg_Code.pdf) an d’”Übereinkommen zum Schutz der Menschenrechte und der Menschenwürde im Hinblick auf die Anwendung von Biologie und Medizin: Übereinkommen über Menschenrechte und Biomedizin” (https://www.coe.int/en/web/conventions/full-list/-/conventions/rms/090000168007cf99?module=treaty-detail&treatynum=164) verwisen.

Op Grond vum quasi inexistenten potentiellen Notzen an dem elo schonns sech ofzeechnenden, vill méi héije, Risiko ass aus gesondheetlecher Siicht schwéier no ze vollzéien, wéi een op d’Iddi ka kommen säi Kand esou enger Behandlung auszesetzen.

FAIR Beweegung, 18. Juli 2021