Madame Lenert,

 

D’FAIR Beweegung well mat dësem Communiqué op déi deelweis chaotesch Zoustänn an ugespaanten Situatioun hei am Land reagéieren. Mir haten eis am leschte Communiqué fir een Dialog ugebueden, mee anstatt op eis duerzekommen fir zesummen een gemeinsamen Auswee aus dëser Situatioun ze fannen wou jiddereen seng Platz an der Gesellschaft fonnt hätt, gouf just de Géigendeel gemaach: Dir hutt d’Schrauf vun den Restriktiounen nees ugezunn.

Wat eis als FAIR Beweegung besonnesch Suergen mécht, ass dass et alt nees d’Kanner an déi Jonk (déi dat schwächsten Glidd an der Ketten sinn) besonnesch trefft !

D’Politik behaapt ëmmer erëm dass se d’Leit encouragéiere wëll sech impfen ze loossen. Wann awer Jugendlecher ënner gewëssene Konditiounen hire Sport net méi dierfe maachen, Kinoverbuet hunn, et schwéier gemaach kréien fir hirer musikalescher Erzéiung kënnen nozegoen (déi immens wichteg ass fir déi kognitiv Fäegkeeten, d’Koordinatioun an déi allgemeng Kreativitéit) oder och nach vun anere Fräizäitaktivitéiten d’office ausgeschloss ginn well se net geimpft sinn, versti mir definitiv net, wat Dir Iech ënnert dem Wuert “encouragéieren” virstellt.

Fir eis ass dëst näischt Aneschters, wéi een Impfzwang ouni et ausdrécklech an d’Gesetz ze verankeren: Dir huelt eise Jonken d’Méiglechkeet ewech, Drock ofzeloossen, andeems Dir se an hirer Fräizäit drastesch aschränkt. Déi eenzeg Méiglechkeet fir dass sie net komplett marginaliséiert ginn an duerchdréien ass Ären “eenzegen Auswee aus der Pandemie” unzehuelen, wéi mir et nonstop agehummert kréien: d’Impfung.

An dat bei engem Mannerjäregen ?

Et ass scho schlëmm genuch bei engem Erwuessenen, mee bei deene Jonken déi normalerweis e gudden a robusten Immunsystem hunn, soll een d’Natur gewäerden loossen an hirem Kierper d’Méiglechkeet ginn sech eegestänneg ze wieren. De Gros vun den Infektioune verleeft bei hinne jo absolut harmlos, an hier natierlech Immunitéit schützt se duerno besser wéi d’Impfung, wéi dës zwou rezent Studien et beleeën.

https://www.nature.com/articles/s41590-021-01089-8

 

https://www.aimsib.org/2021/10/03/covid-19-immunite-naturelle-versus-immunite-vaccinale/?fbclid=IwAR1qhm8HH4O7js2mHPX5mdrulNOD201p5mdhkgr7xrG47sOMR4ExmXN80-s

 

An deem Kontext gi mir net midd ze widderhuelen, dass ee positiven Test jo net onbedéngt direkt Synonym vun enger Krankheet ass. Den däitschen Virolog Hendrik Streeck erkläert dat och ganz einfach :

“Eine Infektion ist medizinisch erst dann wirklich relevant, wenn die Menschen krank werden”.

Leider gëtt des logesch Erkenntnis einfach net vu Politik a Pharmaindustrie consideréiert: Den “Infizéierten” gëtt no engem positiven Test reegelrecht als geféierlech ofgestempelt, deen dréngend vun der Aussewelt isoléiert muss ginn.

D’Kanner fille sech duerch deen eesäitegen Debat an der Gesellschaft zounehmend ënner Drock gesat.

Deen Drock mécht sech bemierkbar a sicht ee Ventil. D’Aussoen vun eise Memberen vun deene mer der momentan iwwer 800 hunn, beleeën dat. Wee këmmert sech ëm all déi Elteren a Kanner, déi duerch deen ëffentlechen Diskurs grouss Zukunftsängschten hunn, well hinnen d’Recht op Selbstbestëmmung ëmmer méi ewechgeholl gëtt? Ween huet een Ouer fir si ?

Haass an Diskriminatioun sinn an eiser Gesellschaft zur Normalitéit ginn. Vill Kanner a Jugendlecher kréien dëst am Alldag ze spieren. Famillje ginn ausernee gerappt, Existenze stinn um Spill, vill Angscht mécht sech breet. An de Kanner- a Jugendpsychiatrien muss scho laut den Aussoe vum Educatiounsminister säit dem Februar 2021 den Tri gemaach ginn. Wou steiert eis Gesellschaft hin? Wou sinn d’Stëmme vun deene Responsabelen an eiser Gesellschaft, déi sech fir d’Cause vun de Kanner a Jugendlechen asetzen? Firwat féiert d’Leed vun de Kanner a Jugendlechen net zu engem politeschen Debat mat Zukunftsvisiounen ? Vill Elteren, déi sech bei eis mellen, maachen sech grouss Suergen ëm d’Wuel vun hire Kanner, déi elo mat experimentelle Gentherapien, déi Impfung genannt ginn, behandelt solle ginn.

Den Dokter Robert W. Malone, en amerikanesche Virolog, Immunolog an Molekularbiolog deen ugangs der 90er Joren ee vun den Architekten vun der mRNA Technologie wor, réit den Eltere ganz kloer of, hir Kanner géint de Covid-19 impfen ze loossen:

https://crowdbunker.com/v/BZvuIkK2BB

 

An Däitschland huet de Chef vun der STIKO (Ständige Impfkommission), de Professer Thomas Mertens, den 9.Dezember um ZDF erkläert, dass d’STIKO d’Kannerimpfung net generell empfeele kann, well déi aktuell verfügbar Donnéeën dozou nach ze spärlech wieren. Seng Ausso huet schonn iwwerrascht, zemools well ee net vergiessen däerf dass d’EMA de Vaccin fir jonk Kanner trotzdeem fräiginn huet. Den Dokter Mertens huet och ganz kloer gesot, dass hie seng eege Kanner fir de Moment net impfe léisst. Hien wäert wuel sécher wësse wisou…

https://www.zdf.de/nachrichten/politik/corona-stiko-mertens-kinder-impfungen-100.html

 

Leider sinn an der Läscht vill Problemer bei Jugendlecher opgetaucht déi mam Covid Impfstoff gesprëtzt goufen. Hei mol ee konkret Beispill vum asiatesche Kontinent:

https://e.vnexpress.net/news/news/120-children-hospitalized-province-suspends-pfizer-vaccine-batch-4397748.html

 

Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et mëttlerweil offiziell unerkannte Fäll vu graven Impfschied. Eng vun deene Betraffenen huet sech bei eis gemellt.

Et gëtt elo och e Portal https://www.menschlechkeet.info wou Leit hei aus dem Land vun hiren Impfschied verzielen.

Wéi mir et schonn an eisem leschte Pressecommuniqué Nr 5 erkläert hunn, krut Pfizer an der Vergaangenheet schonn des Ëfteren de Prozess gemaach: Zich Milliarden un Entschiedegungen hu missen ausbezuelt ginn.

Kierzlech gouf den Pharmagigant vun engem amerikanesche Geriicht gezwongen, Donnéeën aus hirem hausinternen Dokument (dat a Verbindung zu der Entwécklung zum Impfstoff steet) “méi séier” ze publizéieren.

Kommëscherweis wollt Pfizer am Ufank nëmme 500 Säiten pro Mount fräischalten, wat bei 360.000 Säiten 55 Joer gedauert hätt.

Déi 30 éischt Säiten, déi dunn un d’Ëffentlechkeet goungen, haten et schonn direkt a sech:  1 vu 34 Probanten huet d’Impfung tatsächlech net iwwerlieft !

https://efvv.eu/news/1-in-34-die-is-this-what-pfizer-is-hiding

Esou eppes gouf et an der Geschicht vun der Vaccinatioun nach ni, an esou eppes dierf et och definitiv net/nie ginn ! Bei esou enger katastrophaler Ratio kann ee wierklech net méi vun engem acceptabelen “bénéfice-risque” schwätzen, ganz am Géigendeel !

Wichtegen lastminute Update: Een texanescht Geriicht huet’ d’FDA de 6. Januar 2022 opgefuerdert ab elo 55.000 Säiten pro Mount ze publizéieren !

https://aaronsiri.substack.com/p/instead-of-fdas-requested-500-pages

Mir wëllen eis guer net virstellen wat elo nach alles u negativen Erkenntnisser wäerten  erauskommen…

Een aneren Punkt dee Froen opwerft ass déi grouss Opreegung déi an de soziale Netzwierker herrscht wat d´Nanolipiden ALC-0315 à ALC-0159 ugeet déi an den Impfstoffer enthale sinn.

https://www.ema.europa.eu/en/documents/product-information/comirnaty-epar-product-information_de.pdf

(Säit 37, ganz ënnen)

D’Hiersteller weise kloer drop hin, dass dës Substanze fir d’Fuerschung geduecht sinn, an net beim Mënsch anzesetzen sinn:

https://www.biomol.com/de/produkte/chemikalien/lipide/alc-0315-cay34337-25

https://www.echelon-inc.com/product/alc-0315/

https://www.medchemexpress.com/alc-0315.html?locale=de-DE?src=google-product&gclid=Cj0KCQiA5aWOBhDMARIsAIXLlkc4LLEonG3crUgTh-6vhj903bed8Bu7UZTFtw3r_7wVvdHtkzb5M6saAiuLEALw_wcB

https://www.abpbio.com/product/alc-0315/

https://www.abpbio.com/product/alc-0159/

https://www.medchemexpress.com/alc-0159.html

https://www.sapphirebioscience.com/product/NS03928247/alc-0159

http://m.de.shochem.net/phospholipids/cationic-phospholipids/alc-0159-cas-1849616-42-7.html

 

De Peter Mayer, deen den Wessenschaftsblog “tkp.at” bedreift, erkläert ganz gutt, wéi eng Daten um Niveau vun den ALC-Lipiden fir eng bedéngungslos Zouloossung vum Biontech/Pfizer Impfstoff an der EU feelen.

https://tkp.at/2021/12/09/wesentliche-daten-fehlen-bei-bedingter-biontech-pfizer-zulassung-in-eu-alc/

 

D’Beate Bahner, Fachanwältin fir Rechtsmedezin an Däitschland, ass der Meenung dass sech all Persoun nom däitschen Arzneimittelgesetz strofbar mécht (3 bis 10 Joer Prisong) wann se des Produkter engem Mënsch verofreecht. D’Juristin ass och zimmlech irritéiert, dass dës Nanolipide net vun der Pharmaindustrie, mee vun Technologiefirmen hiergestallt ginn. An deem Fall ass d’Verwendung vun deene Substanzen definitiv net am Aklang mat der GoodClinical Practice. D’Affekotin behaapt net dass dës Lipide gëfteg oder kriibserreegend kéinten sinn: De Problem ass awer datt et läut dem rezentsten Secherheetsbericht vu Pfizer keng Daten/Informatiounen ginn, wat Verträglechkeet vun deene Lipiden ugeet.

http://www.beatebahner.de/lib.medien/video_2021-12-20_12-18-55.mp4

 

Eng aner Entwécklung, déi Froen opwerft, ass déi héich Unzuel u Niewewierkungen déi d’Agence Nationale de Sécurité a Frankräich (ANSM) ugangs Dezember während enger Pressekonferenz ugeschwat huet. Natierlech gouf probéiert eng Verbindung zum Covid-19 Impfstoff ze nuancéieren, obwuel déi aktuell Statistiken eng daitlëch Sprooch schwätzen:

https://www.youtube.com/watch?v=FekRvTou-NM

 

Dass eng Impfung Niewewierkunge verursaache kann, wëlle mir net bestreiden, mee dass se esou massiv an d’Luucht schéissen, ass definitiv net normal.

An deem Kontext gräife mir nach eng Kéier op den VAERS Tableau vun den Mio- a Perikarditten zréck, dee kloerstellt, dass ët 2021 am Verglach zu de Jore virdrun eng reegelrecht Explosioun gouf. Am Verglach zu deene Jore virdrun goufen 260 Mol méi Fäll enregistréiert. Dobäi gëllt et ze präziséieren, dass den Pfizer an den Moderna Impfstoff bei Wäitem déi meescht Problemer mat sech bréngen (98,3 %).

Um europäesche Kontinent sinn änlech Problemer fir dat selwecht Joer erfaasst ginn, ewéi et dës Statistik vun EudraVigilance ganz kloer weist.

Den European Forum for Vaccine Vigilance (efvv.eu) huet séngersäits säit dem Start vun der Impfcampagne an Europa schonn 137 Kanner bis den 15. Januar gezielt, déi duerch d’COVID-Impfung gestuerwe sinn.

Iwwregens, ass et bei Jonken iwwerhaapt ethesch-moralesch gerechtfertegt fir vun  “bénéfice-risque” ze schwätzen?

An Thailand huet den National Health Security Office (NHSO) bestätegt, dass 8.470 Leit Impfentschiedegungen an Héicht vun 927 Milliounen Thai Baht (24 Mio Euro) ausbezuelt kruten.

https://www.bangkokpost.com/thailand/general/2238739/side-effects-cost-govt-b1bn

 

Komme mer nees op Europa zréck: Déi brittesch Health Security Agency gëtt ee wöchentleche “Covid19 vaccine surveillance report” eraus. Am Iwwerwaachungsbericht vun der 42. Woch steet op der Säit 23 dass den Antikierperspiggel vun deene Leit, déi duebel geimpft goufe, no enger Infizéierung mam Virus méi déif ass. An anere Wierder heescht dat, dass den Impfstoff e negativen Afloss op den natierlechen Immunsystem huet.

https://assets.publishing.service.gov.uk/government/uploads/system/uploads/attachment_data/file/1027511/Vaccine-surveillance-report-week-42.pdf

 

De Professer Cyrille Cohen, Immunolog a Professer op der Bar-Ilan Universitéit zu Tel-Aviv, geet mat senger Schlussfolgerung an déi selwescht Richtung.

https://twitter.com/dragonduclos/status/1475916667104505856?t=ltYnLt9c1rJYLMIyn5dN0A&s=04

 

 

De World Council for Health, deen eng sëllechen Ennerorganisatiounen regroupéiert an och weltwäit unerkannten Dokteren a séngen eegene Reien zielt, schwätzt sech esouguer kategoresch géint des experimentell Impfungen aus !

https://worldcouncilforhealth.org/campaign/covid-19-vaccine-cease-and-desist/

 

Hei am Land ass de mot d’Ordre vun der Politik  “#Impfewierkt”. Mee, wéi kann et sinn dass d’Impfung anscheinend wierkt, wann een Hiersteller eis scho quasi op en “lifetime” Impfabo astëmmt  ?

https://twitter.com/KingBob53/status/1476572060042285056/photo/1

 

 

Wisou ass ee Geimpften méi vun der Omicron-Variant betraff wéi een Ongeimpften ? Dozou folgend aktuell Zuelen aus Groussbritannien an Dänemark :

https://principia-scientific.com/lancet-89-of-new-uk-covid-cases-among-fully-vaxxed/

https://twitter.com/disclosetv/status/1476958517869395969

 

Et gouf (an et gëtt nach ëmmer) de Leit versprach, dass d’Impfung deen eenzege Wee aus der Pandémie wier. Elo gerode mer trotzdem vun enger Variant an déi aner, obwuel de Booster nach ëmmer als onëmgänglech Waff ugesinn gëtt.

Madame Lenert, wat kënnt als nächst? Mussen déi Geimpfte sech iergendswann eng Kéier wierklech all Mount boostere loossen ? An deem Fall schwätzt ee souwisou net méi vun engem Impfstoff, mee éischter vun enger Behandlung !

Wéi gesäit et da mat deene Länner aus, déi e ganz héigen Impftaux opzeweisen hunn ?

Huele mer mol Israel als Beispill, de “Musterschüler” a punkto COVID-Impfung, andeems mir déi nei Fäll nom Impfstatus analyséieren:

Dës offiziell Statistik schwätzt kloer fir sech, et ass evident dass #ImpfenNETWierkt, ganz am Géigendeel !

Bei onsen franséische Noperen huet de Professer Jean-Michel Claverie, éméritéierte Medezinprofesser op der Uni zu Aix-Marseille a fréieren Direkter vum Institut de Microbiologie de la Méditerranée, viru kuerzem de Journalisten vun BFMTV widdersprach an erkläert firwat d’Impfung net fonctionnéiert:

https://www.msn.com/es-xl/noticias/otras/coronavirus-malaise-en-direct-sur-bfm-quand-un-c%C3%A9l%C3%A8bre-professeur-explique-que-le-vaccin-ne-marche-pas-du-tout-et-que-la-3e-dose-nest-efficace-que-pendant-3-mois/vp-AAS94Zb

 

Dee selweschte Wëssenschaftler hat scho virun engem Joer d’Handele vun de Regierungen, wat d’Variante vum SARS-CoV-2 ugeet, kritiséiert.

https://www.revuepolitique.fr/la-crise-des-variants-du-coronavirus-sars-cov2-payons-nous-une-erreur-fondamentale-des-gouvernements/

 

Ee leschte Punkt, deen duerfir suergt, dass mir dëser Impfung net kënnen trauen, sinn déi ontransparent Kontrakter déi tëscht der europäescher Kommissioun an den Hiersteller ofgeschloss goufen. De Prinzip vun der Transparenz an dem Respekt vis-à-vis vun der Bevölkerung verlaangt bei Gentherapie vun dëser Envergure, dass e Kontrakt an alle Punkte muss kloer sinn, a kee Spillraum fir Onstëmmegkeeten opkommen dierf.

Madame Lenert, wéi kënnt Dir dann erklären, dass am Europaparlament verschiddenen Deputéierten net averstanen woren, wéi d’Madame von der Leyen an d’Pharmaindustrie ganz Deeler vun den Kontrakter schwäerzen gelooss hunn ?

Dir wort jo selwer Richterin… Esou eppes ass dach juristesch gesinn en absolutten “No-Go”. D’Präsidentin vun der EU-Kommissioun huet mat onse Steiergelder “d’Kaz am Sak kaaft”.

Et ass erstaunlech dass dir als Regierung absolut kee Problem domadder hutt, an och héchst bedenklech, dass mol net d’Europadeputéierten vun Ufank un eng honnertprozenteg Asiicht an des Kontrakter kruten.

D’Tilly Metz wor iwwregens eng vun deene Persounen, déi sech erstaunt gewisen hat :

https://www.nexus.fr/actualite/vaccin/lettre-deputes-europe/

 

De rumäneschen Députéierten Cristian Terhes huet sech Enn Oktober an enger Interventioun iwwert déi geschwäerzte Kontrakter tëscht der EU an den Hiersteller zurecht massiv opgereegt.

https://odysee.com/@OzFlor:7/Romanian:8

 

D’Francesca Donato an d’Virginie Joron, zwou aner Eurodéputéiert, hu sech während engem Interview och iwwer déi onduerchsiichteg Schrëftstécker onzefridde gewisen. D’Madame Donato goung nach méi wäit, an huet och nach op déi feelend Informatioune wat d’Zesummesetzung vun den Impfstoffer ugeet, higewisen.

https://www.youtube.com/watch?v=GvhUP3DHO2k

 

Wéi dir gesitt Madame Lenert, ginn et vill Argumenter, konkret Fakten an ëffentlech Statistiken déi absolut net fir eng Kannerimpfung schwätzen, ganz am Géigendeel ! Als Eltere maache mir ons immens vill Suergen, well et ons primär Aufgab a Flicht ass, ons Kanner ze schützen, an se net enger onnéideger Gefor auszesetzen. Jo, d’Impfung ass (nach) net obligatoresch, mee wëssen eis Bierger wierklech Bescheed iwwert déi potenziell Risiken, déi dësen Impfstoff beinhalt ?

Oder kënnt dir als Gesondheetsministesch kloer behaapten, dass d’Informatiounen, déi mir recherchéiert hunn, definitiv NET der Realitéit entspriechen, an d’Impfung a kenger Hisiicht geféierlech ass ?

 

Obwuel déi saisonal Grippe (generell gesinn) méi Opfer fuerdert wei de Covid-19, liewen mir all Wanter mat der Influenza déi e feste Bestanddeel vun eisem Liewen ass, an trotzdeem gouf do ni iwwert Restriktiounen oder un en Impfzwang geduecht.

De Wanter 2016 wor e Joer wou ee noliesen kann, dass tëscht 80 an 120 Persounen pro Woch duerch d’Grippe verscheet sin !

https://csv.lu/files/2017/01/QP-2697.pdf

 

Wann een och nach déi weltwäit Létalitéit vum Covid-19 mat aneren Viren an der Zäit vergläicht, gesäit een eendeiteg dass een et, reng statistesch gesinn, absolut net mat engem Killervirus ze dinn huet, wéi d’Medien dat säit bal zwee Joer mordikus probéieren duerzestellen.

https://de.statista.com/statistik/daten/studie/1101385/umfrage/sterblichkeitsrate-ausgewaehlter-virusausbrueche-weltweit/

 

Baséierend op ëffentlechen Zuelen an Fakten aus der Vergaangenheet, sinn mir als FAIR Beweegung ganz kloer géint all Form vun Impfzwang, wat de Covid-19 ugeet.

Natierlech sollen d’Leit d’Méiglechkeet behalen sech impfen loossen wann se dat wierklech wëllen. Et geet eis just drëms dass jiddereen objektiv iwwert des Impfung opgekläert gëtt an duerno, en toute connaissance de cause, seng eegen Entscheedungen treffe soll.

An deem Kontext ass et wichteg drop hinzeweisen, dat et Alternative gëtt fir de Covid-19 ze behandelen, déi an aneren Deeler vun der Welt erfollegräich agesat ginn.

Beispill: den Ivermectine

Dës Substanz gëtt haaptsächlech an Indien an a verschiddenen Deeler vu Latäinamerika agesat a vun eenzelen Regierungen esouguer der Impfung virgezunn. An deene Länner ass d’Unzuel vun de Neiinfektiounen drastesch gefall, wärenddeem an deene Länner, wou massiv geimpft gëtt, d’Zuele reegelrecht explodéieren.

https://c19ivermectin.com/

https://c19early.com/

Komme mer op Indien zréck wou säit e puer Wochen den Ivermectine konsequent agesat gëtt. Mir vergläichen d’Evolutioun vun den Neiinfektiounen an der Infektiounsquot mat Israel, dat Land wat eng Zäit als Impfweltmeeschter bezeechent gouf. Wichteg ass och nach dobäi ze bemierken, dass d’Hygien an de Liewensstandard an deenen zwee Länner sech däitlech ënnerscheeden: Isreal steet vill besser do.

Neiinfektiounen (lescht 7 Deeg Inzidenz pro 100.000 Leit)

Israel  : 2.753,1

Indien : 106,4

 

Infektiounsrate

 

(Quotient aus der Gesamtzuel vun all gemellten Infektiounen an der Gesamtzuel vun den Awunner)

Israel : 18,50 %

Indien:   2,64 %

(Stand: 15.Januar 2022 / Quell: Corona-in-Zahlen.de)

Mëtt Juli wor een Artikel am Figaro, wou vun enger israelescher Etude Riets goung déi fir den Ivermectine plaidéiert hat.

https://www.lefigaro.fr/sciences/covid-19-l-ivermectine-traitement-miracle-ou-enieme-fausse-piste-20210715?fbclid=IwAR2N4A9MLZLtCvr7zbxMFVZ7FWn1AFB7qnMqFyO4eYOO26WULLfK12lpVFU

Een Mount méi spéit huet sech den Dr Haruo Ozaki, Chairman vun der Tokyo Metropolitan Medical Association a Japan, och fir de Gebrauch vun Ivermectine staark gemaach.

https://www-yomiuri-co-jp.translate.goog/choken/kijironko/cknews/20210818-OYT8T50030/?_x_tr_sl=auto&_x_tr_tl=en&_x_tr_hl=de

Wann een hier Zuelen mat eise vergläicht, gesi mir hei zu Lëtzebuerg zimmlech schlecht aus:

Neiinfektiounen (lescht 7 Deeg Inzidenz pro 100.000 Leit)

 

Lëtzebuerg: 1.754,4

Japan:  65,4

 

Infektiounsrate

 

(Quotient aus der Gesamtzuel vun all gemellten Infektiounen an der Gesamtzuel vun den Awunner)

Lëtzebuerg: 19,43%

Japan: 1,45 %

(Stand: 15.Januar 2022 / Quell: Corona-in-Zahlen.de)

Kleng Randnotiz: Japan zielt ëmmerhin 126 Milliounen Awunner an huet dobäi och nach déi eelste Populatioun vun der Welt ! Dëst ass net onwichteg ervirzehiewen well gewosst ass, dass den SARS-CoV-2 am héijen Alter nach ëmmer am geféierlechsten ass.

Den Ivermectine ass zwar hei am Land net verbueden, mee mir hu jo gesinn, wat mat engem Dokter passéiert ass, deen sech entscheet hat, seng Covidpatienten aneschters ze behandelen wéi et vum Collège médical erwënscht ass.

An et gi jo och nach aner Alternativen wéi zum Beispill den Hydroxychloroquine, den Azithromycine, den Zénk oder och nach héichdoséirte Vitamin C. Wichteg ass ze präziséieren, dass dës Medikamenter/Produkter sech alleguerten iwwert Joerzéngten bewäert hunn a méi bëlleg ze produzéiere sinn wéi een Impfstoff.

Een vun deene bekannteste Virologen op der Welt, de Professer Raoult vu Marseille, gräift mat vill Succès op esou Behandlunge fir seng eege Patienten am IHU zu Marseille zréck. Obwuel hie fir d’alleréischt als Dokter schafft, gouf hien unisono vun der Press, der Politik an dem franséischen Conseil National de l’Ordre des Médecins reegelrecht duerch den Dreck gezunn an écartéiert.

Firwat wuel ? Kéint dëst vläicht eng Erklärung sinn ?

https://www.forbes.fr/classements/classement-les-50-medecins-scientifiques-entrepreneurs-devenus-milliardaires-grace-au-covid-19/

 

https://www.medias-presse.info/les-huit-principaux-actionnaires-de-pfizer-et-moderna-senrichissent-de-10-milliards-de-dollars-grace-a-omicron/151140/

 

Et ass ons wichteg ze betounen, dass et fir eis Alternativen zur Impfung gëtt, déi onbedéngt ze notze sinn, amplaatz ee Mënsch mat experimentelle Gentherapie ze behandelen.

“Le doute est le commencement de la sagesse” gouf mol eng Kéier vun engem ganz groussen Philosoph gesot.

Madame Lenert, erlaabt eis w.e.g, Iech nach dräi Froen ze stellen:

Éischtens:

Dir hätt jo gären dass mir Bierger Iech sollen fir dësen Impfstoff vertrauen. Leider huet déi gesamte Pharmaindustrie bei der Laangzäitwierkung vun hiere rezenten Impfstoffer total versot, et ass ee reegelrechte Fiasko, soss misste mir net permanent iwwer Boostere schwätzen. An dir hätt gären, dass mir Iech an deem selwechten Otemzuch vertraue sollen dass an Zukunft keng gravéierend/déidlech Niewewierkungen op eis Kanner laueren kéinten ?

Zweetens:

De Vaccin funktionéiert net, déi berüümt “Balance bénéfice-risque”ass komplett aus dem Gläichgewiicht… An Dir sidd Iech Ärer Saach als Regierungsmember nach ëmmer ganz sécher an wëllt elo och nach d’Impfflicht ab 50 (an fir verschidden Beruffssparten) duerchsetzen ? Sidd Dir wierklech gewëllt esou ee Risiko anzegoen, an eventuell onnéideg vill Leed mat a Kaf ze huelen ?

Drëttens:

Kéint Dir Iech virstellen, dass déi Leit, déi nach e kriteschen Geescht hunn a net mat Iech averstane sinn, kéinte Recht hunn? Wann d’Wëssenschaft eppes bewisen huet a senger ganzer Geschicht, dann ass et, dass se réischt op laang Zäit erausfënnt wat se net direkt erkannt huet an dass kritesch Stëmmen ëmmer gehollef hunn déi Saachen an de Raum ze stellen.

Mir sinn als fräi Wiesen op d’Welt komm, dierfen (a wëllen) selwer iwwert eisen eegene Kierper entscheeden! Mee mir gi leider ëmmer méi wéi Schwéierverbriecher duergestallt, opwuel mir ganz normal an éierlech Bierger sinn déi just eng aner Opfaassung hunn, an dat huet een ze respektéieren.

Dës sechs lescht Wierder goufen iwwregens virun e puer Méint vum Premier während enger Pressekonferenz gesot.

Dobäi ass et ons och wichteg “Mënsch” dierfen ze bleiwen, a net just nach op QR-Coden reduzéiert ze ginn, respektiv no Schnelltester, Impfungen a Boosteren kategoriséiert ze ginn.

 

Als Eltere wëlle mir eise Kanner eng FAIR Gesellschaft hannerloossen, well mir et hinne ganz einfach schëlleg sinn, am Sënn vum Jean-Jacques Rousseau :

„Die Freiheit des Menschen liegt nicht darin, dass er tun kann, was er will, sondern, dass er nicht tun muss, was er nicht will“.

Mir bleiwen op fir een Dialog.

De Comité FAIR

www.fairbeweegung.lu